Assemblée Générale 2024
De Méinden, 18. Mäerz huet d’Ettelbrécker DP-Sektioun hir Assemblée Générale zu Wëntger am Centre Culturel zesumme mat verschidden aner Sektiounen aus dem Nordbezierk an der JDL-Norden ofgehalen. Et war e flotte Succès.
Eis Presidentin a Kandidatin fir d’Chamberwalen mat engem perséinleche Message.
Liewensqualitéit am Norden heescht: alles no beieneen ze hunn: méi ze hu fir , fir, fir mech selwer a fir anerer Dofir brauch et eng Familljepolitik, eng Familljepolitik, déi #nobeidir ass. Dofir setzt’Anne Daems sech an, an dofir steet och eis Partei an eis Sektioun. Den 8. Oktober: #Lëscht2
Vereedegung vun eise Vertrieder am Gemengerot
Den 11. Juli goufen d’Hären Dr. Alain Feypel a Jemp Gutenkauf aus eiser Sektioun als Gemengeréit hei zu Ettelbréck vereedegt. Mat ganz vill Réckewand duerch hir excellent Resultater bei de Gemengewalen wäerten si och an de nächste 6 Joer fir eng kritesch awer konstruktiv a kollaborativ Oppositiounspolitik stoen! 👏
Assemblée Générale 2024
De Méinden, 18. Mäerz huet d’Ettelbrécker DP-Sektioun hir Assemblée Générale zu Wëntger am Centre Culturel zesumme mat verschidden aner Sektiounen aus dem Nordbezierk an der JDL-Norden ofgehalen. Et war e flotte Succès.
Eis Presidentin a Kandidatin fir d’Chamberwalen mat engem perséinleche Message.
Liewensqualitéit am Norden heescht: alles no beieneen ze hunn: méi ze hu fir , fir, fir mech selwer a fir anerer Dofir brauch et eng Familljepolitik, eng Familljepolitik, déi #nobeidir ass. Dofir setzt’Anne Daems sech an, an dofir steet och eis Partei an eis Sektioun. Den 8. Oktober: #Lëscht2
Assemblée Générale 2024
De Méinden, 18. Mäerz huet d’Ettelbrécker DP-Sektioun hir Assemblée Générale zu Wëntger am Centre Culturel zesumme mat verschidden aner Sektiounen aus dem Nordbezierk an der JDL-Norden ofgehalen. Et war e flotte Succès.
Eise Comité
Mäi Numm ass Anne Daems. Ech sinn zanter Mëtt 2020 d’Presidentin vun der DP-Sektioun Ettelbréck-Waarken.
Zesumme mat menger Ekipp schaffe mir fir Iech a fir eis Gemeng. No bei de Leit sinn, nolauschteren, an dofir suergen, datt d’Mënschen sech wuel fillen do wou se wunnen a liewen, dës Prinzippie begleeden eisen Engagement op Schratt an Tratt.
Mir si prett fir Verantwortung an der Gemeng ze iwwerhuelen a mat Iech zesummen ee vun deene flottste Projete virunzedreiwen: den Asaz fir ee méi liewenswäert Ettelbréck, an deem jidderee seng Plaz huet, eng Plaz déi mir all gären eist Doheem nennen.
Liest eis Iddie fir eis Stad an eisem Flyer a geschwënn och an eisem Gemengewalprogramm.